top of page

IWWER EIS

HOME / ​IWWER EIS

Untitled design (58) (1)_edited.jpg

MACFIX by Foto.lu

Mat iwwer 25 Joer Erfarung als diploméierte Fotograf, hunn ech 2008 den entscheedende Schratt gewot, an d'Online-Welt eranzeklammen an hunn Foto.lu gegrënnt - den éischte lëtzebuergeschen Online-Shop fir personaliséiert Fotoproduiten.

Am Joer 2017 sinn ech eng wichteg Partnerschaft agaangen, andeems ech d'Generalvertriedung vun Cewe Däitschland fir Lëtzebuerg iwwerholl hunn. Dës Partnerschaft huet et eis erméiglecht, Foto.lu op déi héichwäerteg Produktgamm vun Cewe ëmzestellen. Den Erfolleg vun dëser Ëmstellung war enorm an huet d'Landschaft vu personaliséierten Fotoproduiten zu Lëtzebuerg däitlech gepräägt.

Ufank 2023 hu mir decidéiert, de Kontrakt mat Cewe net ze verlängeren. Mäin Interessi huet sech ëmmer méi an d'Richtung Sécherheet, IT-Support an engem verstäerkte Clientsservice bei Problemer mat der Benotzung vu Computeren an Apps verlagert. An dëser Zäit war et mir net méiglech, eise Clienten e perséinleche Service unzebidden, wéi ech et mir ëmmer gewënscht hätt. Meng Faszinatioun fir d'Computerwelt, haaptsächlech Apple, ob et ëm Astellungen, d'Ariichte vu Backups, d'Sécheren, d'Erläutere vu Sécherheetsfaktoren oder einfach nëmme fir de Clienten ze hëllefen, wéi si hir Applikatiounen oder Fotoe richteg benotzen an séchere kënnen, oder Mail-Astellungen an esou weider, huet mech dozou bruecht, mäi Fokus nei ze ajustéieren.

Dëse Changement reflektéiert meng Iwwerzeegung, dass net nëmmen d'Sécherheet vun Daten an Apparater eng zentral Roll spillt, mee och d'Fäegkeet vun eise Clienten, hir Geräter an Uwendungen effektiv an ouni Komplikatiounen ze notzen. Et ass mir wichteg ze betounen, dass iwwer d'Jore keng Fro onbeäntwert bliwwen ass, och wa meng Hëllef oft iwwer Telefon war. Haut ass et mir besonnesch wichteg, de Clienten net nëmmen iwwer Telefon, mee perséinlech bei hinnen doheem ze ënnerstëtzen.

 

Meng Ambitioun ass et, Är digital Geräter esou no wéi méiglech Äre perséinleche Bedürfnisser ze ajustéieren an ze konfiguréieren, datt Dir Iech all Är Gedanken ëm d'Sécherheet vun Ären Dateien, Fotoen oder viru Malware komplett spuere kënnt. Dëst erméiglecht Iech, Iech ganz Ärer Begeeschterung fir Computerhobbyen ze widmen, ouni datt Dir stonnelaang mat komplizéierte Konfiguratiounen oder dem Sichen no de richtegen Uwendungen Zäit verléiert.

Eist Engagement fir Iech e ganzheetlechen Support ze bidden. Mir zielen drop of, eist déifgräifend Fachwëssen and Know-how reibungslos an den Déngscht vun Äre Bedierfnisser ze integréieren, fir Iech Är digital Welt net nëmmen méi sécher, mee och selbstbewosster an autonom ze erliewen.

Jerome Dichter

bottom of page